
Virdrun hu sech déi amerikanesch Finanzministesch Janet Yellen an d’Finanzministesch Yuriko Backes getraff, fir de Point iwwer déi finanziell Relatiounen tëscht béide Länner ze maachen.
Et ass déi éischt Kéier, dass eng Representante aus der Regierung vum amerikanesche President Joe Biden op Lëtzebuerg kënnt.
Eng wichteg Visitt, och well d’USA dee gréissten ekonomesche Partner vu Lëtzebuerg ass, wat d’Finanzservicer ugeet, sot d’Finanzministesch Yuriko Backes no der Bilateral. Et wier ënner anerem iwwert d’Steierreform op internationalem Niveau geschwat ginn, an de Krich an der Ukrain.
Do muss een zesumme kucken, wéi d’Saachen evaluéieren. Déi ekonomesch Situatioun ass eng Saach. Mee, wéi geet ee mat Partner wéi China am globale Kontext ëm? Mer hunn och de Point gemaach iwwert d’Sanktioune géint Russland.
Lëtzebuerg hätt, als international Finanzplaz, bei de Sanktiounen och eng grouss Responsabilitéit. D’Haltung vu China hätt an der Suite vun der russescher Invasioun vun der Ukrain Suerge gemaach.
De positive Message, dee si mer ginn huet, ass, dass si hir Kommunikatioun mat China weider wëllen opbauen. Dës huet net gutt funktionéiert iwwert déi lescht Zäit. Den Engagement dës Kommunikatioun héich ze halen, ass esou wichteg.
Lëtzebuerg an Europa géingen an hätten och ëmmer versicht, den Dialog mat China oprecht ze erhalen.
Och um Méindeg de Mëtteg goung et an der Eurogrupp-Reunioun ëm déi weider Ënnerstëtzung vun der Ukrain. Doriwwer eraus hunn d’Finanzministesch Yuriko Backes an d’Janet Yellen nach den amerikanesche Militär-Kierfecht zu Hamm besicht.
Um Dënschdeg geet et da weider mat der Reunioun vum Eurofin.