"Virage ambulatoire"AMMD rifft Deputéiert op, "verfeelten" Gesetz ze stoppen

RTL Lëtzebuerg
An enger Woch soll iwwert de sougenannte "virage ambulatoire" ofgestëmmt ginn. D'Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren huet weider Kritik.

Beim sougenannte “virage ambulatoire”, deen an enger Woch an der Chamber soll gestëmmt ginn, geet et ëm ambulant Aktivitéite baussent de Spideeler. Dialyse, Onkologie, kleng, net chirurgesch Agrëff an och Radiologie mat IRM sinn dann an esou “Antenne” méiglech.

De Staatsrot hat um Text munches auszesetzen, sou datt d’Gesondheetsministesch dat geplangte Gesetz huet missen nobesseren. Den neien Avis vum Staatsrot läit nach net vir.

D’Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere rifft d’Deputéiert op, dat, wéi si et nennen “verfeelte” Gesetz nach ze stoppen an de Wee fräizemaache fir eng konstruktiv Diskussioun mat den Haaptacteuren. Um Enn vun der Legislaturperiod géif d’Regierung an Aktionismus verfalen a géif wëllen e Gesetz duerchboxen, wou sech gravéierend verfassungsrechtlech Froe stellen.

D’Regierung géif un der Planwirtschaft festhalen wéi de Geck um Bengel. D’Gesetz géif de Patienten an dem Gesondheetssystem weider schueden, warnen d’Doktere vun der AMMD.

PDF: D'Schreiwes vun der AMMD.

Back to Top
CIM LOGO