Och RTL-Ekipp ausgezeechentAmnesty vergëtt Mediepräis u Lëtzebuerger Journalisten

RTL Lëtzebuerg
An de Rotondes gouf um Méinden den Amnesty-Mediepräis verginn. E Präis, dee sech u Journalistinnen a Journalisten aus Lëtzebuerg riicht.
Amnesty vergëtt Mediepräis
An de Rotondes gouf um Méinden den Amnesty-Mediepräis verginn. E Präis, dee sech u Journalistinnen a Journalisten aus Lëtzebuerg riicht.

Déi Nominéiert hunn nämlech mat hire Publikatiounen op Mëssstänn opmierksam gemaach, hunn déi Fäll beliicht, wou Mënscherechter net méi respektéiert ginn, Ongerechtegkeeten opgedeckt an deenen eng Stëmm ginn, déi soss kaum gehéiert ginn. Och dräi RTL Ekippen waren nominéiert.

An der Kategorie “Audiovisuel” huet “Working Poor - Kee Widdersproch, mä Realitéit: 40 Stonne schaffen a keng Suen iwwreg hunn” vun RTL gewonnen. Produzéiert vum Lea Schwartz, Altti Nieminen (Montage) an de Kameraleit Nicolas Sottiau, Jean Baptiste Verwaerde, Hugues Bataille, Ghislain Federspiel a Ken Fitzke.

Nominéiert bei RTL waren och

  • Rosa Clemente, Mike Elsen et Chris Quaegebeur fir “E Portrait vun engem Sans-abri”
  • Fanny Kinsch et Romain Van Dyck fir “Däitsche Fraendokter: Zu Lëtzebuerg geschafft, elo a Frankräich am Prisong”

Hei de Reportage aus dem Juni 2022

Working Poor
40 Stonne schaffen, awer um Enn vum Mount net genuch Suen hunn? Kléngt no engem Widdersproch ass awer d’Liewensrealitéit vu ville Mënschen.

An der Kategorie “Multimedia” huet “15 endlos lange Tage” gewonnen, dee vum Sibila Lind a Christophe Olinger (Multimédia) an Dominique Nauroy (Webdesign) realiséiert gouf fir d’Luxemburger Wort.

An der Kategorie mat de meeschte Kandidaten “Article” hu Camille Frati a Lex Kleren gewonnen fir “Adopter seule, un combat judiciaire sans fin”, deen am Lëtzebuerger Journal verëffentlecht gouf.

Eng Mention spéciale geet un den Artikel “Völkermord in Ruanda: Wie sich für die Opfer die Geschichte wiederholt” vum Charlotte Wirth fir Reporter.lu.

Back to Top
CIM LOGO