
En Autosfuerer war hei an den Auto virun him geknuppt, woubäi de Chauffer vun dësem nach op der Plaz soignéiert a fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht gouf. De Verursaacher vum Accident ass mat sengem Auto geflücht, konnt awer spéider vun der Police u senger Adress ugetraff ginn.
Hei huet hie géint d’Beamte rebelléiert an och refuséiert, sech engem Alkoholtest ze ënnerzéien. Well et evident war, datt hien ze vill gedronk hat, krut hien e Fuerverbuet, wéi och eng Plainte.