Zu Beggen an der rue Henri DunantAn de fréie Moiesstonnen sinn eng ganz Partie Autoe verbrannt

RTL Lëtzebuerg
Géint 5.30 Auer hat ee Gefier op engem Parking Feier gefaangen, d'Flame sinn dono op aner Ween iwwergaangen.
7 Autoe goufen zu Beggen Affer vun de Flamen
En Donneschdeg géint 5.30 Auer hat ee Gefier op engem Parking Feier gefaangen, d'Flame sinn dono op aner Ween iwwergaangen.

6 Autoe goufen zerstéiert an e 7. gouf beschiedegt. Brandstëftung kann net ausgeschloss ginn. D'Police judiciare enquêtéiert.

D'Pompjeeë vu Steesel, Walfer an aus der Stad waren op der Plaz, fir d'Feier ze läschen. Och eng Stater Ambulanz war geruff ginn, et blouf awer beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO