Et wier ee “Paradigmeiessel” an et wéilt een et de Leit sou einfach wéi méiglech maachen, andeems d’Privatbetriber an d’Gemenge méi staark an d’Verantwortung geholl ginn, seet de grénge Rapporter François Benoy. Vum 1. Januar 2023 un ass Schluss mat Kartong a Plastik, wann ee säin Iessen op der Plaz consomméiert. Virop d’Fast-Food-Chaînë musse sech eppes Neies iwwerleeën, fir d’Hamburger, d’Fritten an d’Cola ze zerwéieren.
Déi nächst Ännerung fir d’Restaurateuren trëtt 2025 a Kraaft. Deen Ament däerfen och beim Takeaway oder bei de Liwwerungen, keng Këschten oder Schossele méi benotzt ginn, déi direkt duerno an der Poubelle landen.
An och fir d’Supermarchéë ginn et Changementer. Uebst a Geméis sollen ouni Emballagë verkaf ginn. Do dernieft mussen d’Supermarchéen d’Verpakungen zréckhuelen an esouguer eege Recyclingszenteren ubidden.
Déi Gesetzer leien am Geescht vun der Zäit a kléngen op den éischte Bléck och gutt, seet de CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf. Den Oppositiounspolitiker kritiséiert awer, datt di betraffe Betriber net agebonne goufen.
Et hätt ee sech och besser mat anere Länner misse ofschwätzen, esou eng weider Kritik. Déi grouss Produzenten am Ausland wäerte kaum hir Verpackung wéinst engem Lëtzebuerger Offallgesetz änneren.
Communiqué par : ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durableCe mercredi 27 avril 2022, la Chambre des députés a voté 5 lois dit «Paquet économie circulaire» ayant pour objectifs principaux la prévention et la réduction des déchets. Le «Paquet économie circulaire» fournit également le cadre légal pour réduire le plastique à usage unique, le dépôt de déchets sauvage et le gaspillage alimentaire.
Du déchet à la ressource
Deux ans après son dépôt, le vote du «Paquet économie circulaire», marque une étape importante dans la transition de l’économie luxembourgeoise vers une économie circulaire. En se basant plus particulièrement sur les principes retenus dans les stratégies gouvernementales «zéro déchets» et «économie circulaire». La première priorité du «Paquet économie circulaire» est la prévention de déchets, soit en les évitant soit en les réutilisant. Le paquet pose ainsi les jalons pour comprendre les déchets comme des ressources.
Une conférence de presse avec des explications détaillées aura lieu après l’entrée en fonction de la nouvelle ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable.