
De bedeelegte Persoune gouf nogeluecht, zu engem spéideren Zäitpunkt eng Plainte ze deposéieren.
Géint Mëtternuecht e Sonndeg koum et zu engem Tëschefall zu Ettelbréck, wou en Taxischauffer vu Clientë geschloe gouf.
Géint 1 Auer e Sonndeg de Moie koum et zu Schuller zu enger Ausernanersetzung tëscht e puer Persounen. Hei koum et zu enger Kollisioun op engem Parking, ma béid Parteie konnte sech beim Ausfëlle vum Constat net eenegen.
Kuerz no 2 Auer du koum et zu enger Kläpperei tëscht 3 Persounen an der Rue du Fort Neipperg. Hei gouf eng Persoun blesséiert a koum an d’Spidol. Ermëttlungen an dësem Fall lafen.