
An de meeschte Fäll, esou d’Police, gouf ee geruff, well iergendwou eng Party war, wou Persounen ze haart geschwat hunn oder d’Musek ze haart waren, sief dat bei Privatpartyen, a Bistroen oder op Feieren. Bal ëmmer hunn déi Beschëllegt Versteesdemech fir d’Situatioun gewisen an d’Affär konnt vun de Beamte séier gekläert in. Och gouf et Fäll, wou d’Beamten op der Plaz kee Kaméidi konnte feststellen.
A verschiddene Fäll goufen d’Polizisten dann och op e Sträit geruff. Ma meeschtens war d’Situatioun, wa si ukoumen, scho gereegelt oder eriwwer. Bei de Saachen, déi d’Beamten iwwerpréiwe konnten, koum eraus, datt et sech ëm reng verbal Ausernanersetzunge gehandelt hat a keng vun de Persounen, déi am Sträit involvéiert waren, eng Plainte wollte maachen oder d’Hëllef vun de Beamte gebraucht hätten.
Leider war dat awer net iwwerall de Fall. Op engem Fest zu Bartreng war eng Ausernanersetzung ausgeaart an eng Persoun koum mat enger Blessur un der Schëller an d’Spidol.
A Clausen war géint 3 Auer eng Kläpperei gemellt ginn, déi awer schonn eriwwer war, wéi d’Beamten agetraff sinn. Si hunn eng liichtblesséiert Persoun virfonnt an Ermëttlunge goufen opgeholl. Op engem normalen Owend wier dëst d’Meldung vun der Police gewiescht, wier net eng staark alkoholiséiert Persoun op d’Plaz komm, déi d’Beamten ëmmer nees bei hirer Aarbecht gestéiert an aner Leit, déi nach a Clausen waren, belästegt huet. Well hien trotz den Opfuerderunge vun de Beamten sech net ginn huet an och d’Plaz net verloosse wollt, gouf decidéiert, datt de Mann sollt d’Nuecht am Passagearrest verbréngen.
Och zu Ettelbréck war dës Zell iwwert déi lescht Nuecht besat. Hei hat eng staark ugedronke Persoun d’Personal op enger Bensinnsstatioun mat sengem aggressive Verhale belästegt.