Virfäll am LandAn d'Schwämm ouni ze bezuelen an zwee Scooter-Chauffere gestoppt

RTL Lëtzebuerg
Um fréie Mëttwochowend goufen der Police zwee jonk Männer gemellt, déi aus der Schwämm zu Nidderaanwen fortgelaf wieren, ouni ze bezuelen.
© RTL Archivbild

Déi Onéierlech konnte kuerz drop um Sennengerbierg an engem Auto ermëttelt ginn. D’Beamten hu festgestallt, dass béid Männer gedronk haten. De Bäifuerer gouf dunn och immens aggressiv géintiwwer de Polizisten a gouf immobiliséiert. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an hie krut e Fuerverbuet hei am Land ausgestallt. Op Demande bei de franséische Kolleege koum eraus, dass de Chauffer och a Frankräich schonn de Permis huet missen ofginn. Am Gefier goufen donieft nach e puer Gramm Haschisch séchergestallt. De Virfall gouf protokolléiert an de Won bis op Weideres immobiliséiert.

Kuerz no Hallefnuecht gouf zu Gaasperech e Scooter gestoppt, op deem zwou Persoune souzen an dat ouni Helm. Wéi eng Policepatrull déi Zwee wollt kontrolléieren, huet de Fuerer Gas ginn an ass duerch Rout gefuer. Kuerz drop konnt hien awer nees ugehale ginn. Hien hat kee Permis a war och net de Proprietär vun der Maschinn, déi dono séchergestallt gouf.

Géint 3 Auer gouf zu Senneng e weidere Scooter-Chauffer kontrolléiert wéinst sengem Fuerstil. Well hie kee Permis virweise konnt, gouf eng Iwwerpréiwung bei den däitsche Kolleegen ugefrot. An do koum eraus, dass hien engem Fuerverbuet ënnerläit an domat iwwerhaapt kee valabele Permis méi hätt. Et gouf eng Plainte an de Scooter op Uerder vum Parquet séchergestallt.

Eng Stonn virdrun ass awer nach en Automobilist zu Schëffleng wéinst senger Fuerweis opgefall. Bei der uschléissender Kontroll koum eraus, dass de Mann ze déif an d’Glas gekuckt hat. Hie krut e Protokoll an de Fürerschäin ewechgeholl.

Back to Top
CIM LOGO