
Op der Plaz hunn d'Pompjeeën ee Brand festgestallt. Éischt Ermëttlungen hunn erginn, datt eng Fënster am Keller erausgehuewe gouf an dass Géigestänn aus engem Klassesall beschiedegt goufen.
De Brand konnt séier vun de Pompjeeë geläscht ginn an et koum keng Persoun zu Schued.
Well Brandstëftung net ausgeschloss ka ginn, gouf de Parquet informéiert. Och d'Spuresécherung vun der Police war op der Plaz.