Areler StroossAn enger Nuecht gouf d'Police dräi Mol op déi nämmlecht Plaz geruff

RTL Lëtzebuerg
No engem Accident op der Areler Strooss um Belair gouf d'Strooss gespaart. Zwee weider Automobilisten hunn hei fir en Asaz vun der Police gesuergt.

Um Freideg géint 1 Auer gouf der Police e Gefier gemellt, dat Schlaangelinne vum Wandhaff a Richtung Hoen gefuer ass. E bësse méi spéit konnt den Auto gestoppt ginn. Den Alkoholtest vun der Automobilistin war positiv, de Permis gouf agezunn.

Zäitgläich gouf et op der Route d’Arlon bei engem Chantier e Verkéiersaccident. D’Fra hannert dem Stéier gouf net blesséiert. D’Streck gouf fir d’Opraumaarbechte gespaart.

Géint 1.50 Auer ass d’Police op e weideren Auto opmierksam ginn, deen op der nämmlechter Plaz iwwert d’Ofspärung gefuer ass. D’Automobilistin stoung ënnert dem Afloss vun Alkohol a krut e provisorescht Fuerverbuet.

E bësse méi spéit ass en zweeten Auto mat héijer Vitess iwwert déi besote Streck gefuer. Den Alkoholtest war nees positiv an et gouf e Protokoll geschriwwen.

Zu Dikrech war géint 3.30 Auer en Alkoholtest positiv an och hei gouf e Protokoll geschriwwen. D’Persoun ass kontrolléiert ginn, well se ze séier mam Auto ënnerwee war.

Back to Top
CIM LOGO