IndustrieAn Zukunft finanziell Efforten néideg, fir Klimaziler ze erreechen, sou d'Fedil

RTL Lëtzebuerg
2021 konnt d'Industrie zu Lëtzebuerg hir Klimaziler net erreechen. Dat geet aus enger rezenter Publikatioun vum Ëmweltministère ervir.
An Zukunft finanziell Efforten néideg, fir Klimaziler ze erreechen, sou d'Fedil
2021 konnt d’Industrie zu Lëtzebuerg hir Klimaziler net erreechen. Dat geet aus enger rezenter Publikatioun vum Ëmweltministère ervir.

D’Emissioune leien 30,8 Prozent iwwer dem Objektiv, dee vun der Regierung festgehale gouf. Vill Betriber géinge sech schwéier doen, fir weider anzespueren, seet d’Fedil. Aner Firmen dogéint hunn d’Ziler erreecht.

Esou zum Beispill Eurofoil, déi zënter 1982 Aluminium produzéieren. An de leschte Joren huet d’Entreprise vill Efforte gemaach, fir Energie an CO2 anzespueren. Aktuell ass een am Gaangen, um Daach vun der Fabrick e grousse Solarpark opzeriichten. Bis elo hätt een et gepackt, fir d’Emissiouns-Ziler ze erreechen, seet den Direkter vun Eurofoil Mario Vagli. Fir datt dat och an Zukunft geléngt, sinn allerdéngs grouss finanziell Efforten néideg.

Net all Entreprise ka sech den Ament grouss Investitiounen erlaben, fir hir Produktiounslinnen ze moderniséieren, seet d’Fedil. Dacks wieren déi néideg Technologien nach net disponibel, seet de René Winkin, Direkter vun der Fedil. Dobäi kënnt, datt aktuell net genuch grénge Stroum oder Waasserstoff disponibel wier, fir d’Nofro vun der Industrie ze decken. D’Industrie géing d’Klimaziler net a Fro stellen, ma et géing zum Deel awer konkrete Pläng feelen, wéi een déi Ziler erreeche soll.

Back to Top
CIM LOGO