OGBL-NationalcomitéAnnoncéieren, fir mat um Dësch ze sëtzen, geet net duer

Pit Everling
Sozial Inegalitéiten aus dem Wee raumen a konkret Moossname beim Klima proposéieren. Ë.a. déi Fuerderunge stellt den onofhängege Gewerkschaftsbond.
OGBL: Nationalcomité zu Esch an der Maison du Peuple
De Budget, de Logement oder nach d'Klimapolitik - awer och de Sträit tëscht Gewerkschaften a Patronat waren en Dënschdeg Thema.

De Budget, de Logement oder nach d'Klimapolitik. Ënner anerem déi Sujeten hat den OGBL an der Reunioun vum Nationalcomité en Dënschdeg op der Lee. E weidert Thema zu Esch an der Maison du Peuple war natierlech och de Sträit tëscht Gewerkschaften a Patronat.

OGBL: Nationalcomité / Rep. Pit Everling

Datt d'Unioun vun den Entreprisen annoncéiert huet, fir bei der nächster Sëtzung vum Comité permanent du Travail et de l'Emploi mat um Dësch ze sëtzen, géing net duer, fënnt den OGBL-President André Roeltgen, well "ze mengen, lo leeën ech meng Positioun dohin an da verschwannen ech rëm, dat geet net! Et ginn entweder Diskussiounen zu 3 oder si refuséiere weider de soziale Modell."

Beim Budget 2020 stellt den onofhängege Gewerkschaftsbond fest, datt d'Finanzen excellent sinn, ma d'sozial Situatioun wier vill manner gutt. D'Revenue wieren net gläichméisseg verdeelt, ëmmer méi Leit wieren trotz Aarbecht aarm a vill Mënsche wieren ze staark verschëlt - notamment wéinst dem deiere Logement. "E Logement, deen ëmmer méi drastesch d'Kafkraaft vun de Leit opfrësst.", huet den André Roeltgen ënnerstrach.

Et dierfte keng ëffentlecht Terrainen am Perimeter méi a Privathand kommen. D'Fonds d'Investissement spécialisés, mat deene grouss Immobilienacteure laanscht d'Steiere kéimen, wieren e Skandal a missten direkt ofgeschaaft ginn, sou weider Revendicatiounen.

Un d'Familljeministesch Corinne Cahen gouf iwwerdeems dëse Message geriicht:

"Den OGBL verlaangt, datt d'Familljenzoulagen indexéiert a periodesch adaptéiert ginn un d'Entwécklung vum Salaire médian. Et sollt sech un déi Ofmaachung gehale ginn, déi 2014 mat den 3 national representative Gewerkschafte getraff gi war."

Och déi 0,9% Mindestlounerhéijung geet fir den OGBL net duer.

Beim nationalen Energie- a Klimaplang verlaangt d'Gewerkschaft kloer Zieler a kloer Mesuren. Wann zum Beispill eng C02-Steier kéim, da missten direkt sozial Kompensatioune mat um Dësch leien.

Fir den André Roeltgen war et en Dënschdeg iwwregens de leschten OGBL-Nationalcomité. Nom Kongress Ufank Dezember dierft d'Generalsekretärin Nora Back d'Geschécker bei der gréisster Lëtzebuerger Gewerkschaft iwwerhuelen.

© Mike Elsen (RTL)

Back to Top
CIM LOGO