Gemeng Habscht"Antigaspi-Frigo": Net konsuméiert Iessen aus der Schoulkiche verwäerten

RTL Lëtzebuerg
An dësem "Antigaspi-Frigo" kann een all Wochendag Platen aus dem Schoulrestaurant fir e klenge Präis kafen.
© Facebook/Gemeng Habscht

Deemno verhënnert een iwwer dës Initiativ, datt Iesswuere verbëtzt ginn an et kann een de Leit qualitativ héichwäerteg Platen offréieren.

Dat ganzt steet an der Gemeng Habscht ënnert dem Slogan “Vill Genoss fir wéineg Goss”. Um Site vun der Gemeng kann een all Dag nokucken, wat um Menü steet. E Plat aus dem “Antigaspi-Frigo” kascht 3 Euro.

Dat Ganzt steet a Verbindung mat der Initiativ “Antigaspi” vum Landwirtschaftsministère.

Rezent hat et Kritik ginn, datt mat der gratis Kannerbetreiung verschidden Elteren hir Kanner net méi vun der Maison Relais ofmellen an esou ënnert anerem Iesse verbëtzt gëtt. Eng Etüd soll elo klären, wéi flächendeckend dee Problem tatsächlech ass. Och géint dëse Problem kéint d’Initiativ vun der Gemeng Habscht déngen.

Back to Top
CIM LOGO