Maison RelaisMakerfest an Nodeeler vun der gratis Kannerbetreiung

Marc Hoscheid
Am Forum Geesseknäppchen gouf um Donneschdeg schonn déi 7. Editioun vum Maker-Fest organiséiert.
D'Nodeeler vun der gratis Kannerbetreiung
Am Forum Geesseknäppchen gouf um Donneschdeg schonn déi 7. Editioun vum Maker-Fest organiséiert.

Zil war et, Kanner aus de Cyclen zwee bis véier a Kontakt ze bréngen, mat Kreativitéit, neie Medien an dem Handwierk. D’Kanner koumen aus Maisons Relaise queesch uechter d’Land. Iwwerdeems ass aus dem Secteur ze héieren, datt déi gratis Kannerbetreiung och negativ Suitten huet.

Ob Videospiller, Programméieren, Robotik, Kalligraphie oder de spillereschen Training vun de kognitive Fäegkeeten, um Makerfest am Forum Geesseknäppchen krute ronn 600 Kanner tëscht siwen an zwielef Joer dee ganzen Dag iwwer esou munches gebueden. Organiséiert gouf d’Fest vum Service national de la Jeunesse an Zesummenaarbecht mat enger Rei externe Partner. Ma och de Rescht vum Joer iwwer stinn d’Diere vum Makerspace jonke Leit op.

Cathy Zimmer (Schafft am Beräich “Makerspace” vum SNJ): “De Makerspace ass eigentlech ee groussen Atelier, wou Kanner a Jugendlecher kënnen hikommen, fir u Projeten ze schaffen. Déi Projete kënne vu bis sinn. Dat heescht, et kann och méi handwierklech sinn, dat heescht, datt ee seet, ech huelen eng See eraus a seeë lo eppes, et kann awer och méi technologesch sinn. Datt ee seet, ech interesséiere mech fir d’Programméieren oder fir Roboter. Et ass wierklech vu bis, wat een do kann ausprobéieren.”

Dës Editioun huet sech komplett u Kanner aus Maisons Relaisen geriicht. Zanter der Rentrée am September ass d’Kannerbetreiung wärend der Schoulzäit vu méindes bis freides tëscht 7 an 19 Auer fir all schoulflichteg Kanner gratis. An de Vakanze just fir déi Kanner, deenen hir Eltere manner wéi dat Duebelt vum soziale Mindestloun verdéngen. Fir déi aner gëllt den Tarif vum Bong, dee se vum Staat ze gutt hunn. Am Ganze kascht d’Mesure de Staat pro Joer 22 Milliounen Euro. Eng Famill mat mëttlerem Akommes an zwee Kanner, déi 15 Stonnen d’Woch an eng Maison relais ginn, soll bis zu 1.400 Euro am Joer spuere kënnen. Aus dem Secteur ass an der Lescht allerdéngs d’Kritik, datt d’Leit hir Kanner net ofmellen.

Ferenc Ivica (Schafft an enger Maison Relais zu Heischent): “Dat kënnt des Ëftere mol vir. Oft komme se hir Kanner och onvirbereet sichen. Mir leeën den Elteren dann un d’Häerz, datt se eis wannechgelift Bescheed soen sollen, wann ee Kand éischter ofgeholl gëtt, da kënne mir eis ëmstrukturéieren. Mat Bléck op d’Iessen ass et sou, datt een es heiansdo ze vill huet. Dann huele mer dat Iessen um 16 Auer an et gëtt fir d’Collatioun nach eng Kéier verschafft.”

Esou wéilt een de Kanner bäibréngen, datt Iessen net ewechgeschmass gëtt. Souwuel de Educatiounsministère wéi och d’Fédération des acteurs du secteur social au Luxembourg erklären op Nofro hin, datt ee vu vereenzelte Fäll héieren hätt, wou Leit hir Kanner net ofgemellt hunn.

Am Moment géing dowéinst eng Etüde lafe fir erauszefannen, ob et sech ëm ee flächendeckende Phänomen oder ëm Ausnamen handelt. D’Resultater sollen am Laf vum November virleien.

Back to Top
CIM LOGO