Als Cyclist kann een op d'Zänn bäissen. E kéint leiden.
Et kann een d'Flüchtlingen awer net eleng loossen, sou de Jean Asselborn. De groussen Deel vun de Leit wier mat der Lëtzebuerger Migratiounspolitik d'accord.
Hien appelléiert, der ONG 5 Euro ze spenden. "Mir als Vëlosfuerer kënne vill dozou bäidroen".
De Jean Asselborn ass ee vun e puer prominente Käpp an der Campagne vu "Catch A Smile". D'Aktioun gouf an d'Liewe geruff vun der Associatioun "Vëlosvedetten" a leeft vun elo un an nach bis Chrëschtdag, dat ënnert dem Numm "Bike and Smile Christmas Challenge".

