
E Mann ass an de Verkafsberäich era gestiermt an huet d’Mataarbechter mat enger Waff menacéiert. Si goufen opgefuerdert d’Kees eidel ze maachen. Mat 400 Euro am Grapp konnt sech den Täter dunn aus dem stëbs maachen. Zu Fouss ass hien an eng onbekannte Richtung fortgelaf.
Bei der Dot hat de Mann eng Mutz oder eng Kap un. Hien hat eng däischter Hautfaarf, wéi d’Police mellt. Méi Detailer géingen awer bis ewell nach feelen.
Eng kuerz Zäit no der Dot huet de Proprietär vun der Bensinnsstatioun ee verdächtegen Auto gesinn, deen opfälleg séier vun engem Parking tëscht deenen zwou Tankstellen op der Polvermillen dervu gejauft ass. De verdächtegen Auto konnt kuerz Zäit drop op der Autobunn ugehalen a kontrolléiert ginn. Et huet sech erausgestallt, datt d’Leit am Auto näischt mat dem Iwwerfall ze dinn haten.
D’Police sicht deemno weider no dem Täter. Zeien, déi Informatiounen zum Virfall kënne ginn, si gebieden, sech bei der Nummer 113 ze mellen.
De CGDIS huet e Sonndeg de Moien ausserdeem nach en Accident ëm kuerz no Mëtternuecht zu Péiteng gemellt. Hei ass en Auto an e Luuchtepotto geknuppt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.