
Géint 22 Auer huet den Onbekannten d’Mataarbechter dozou opgefuerdert, him d’Suen aus der Kees ze ginn. No der Dot ass de Mann an eng onbekannte Richtung geflücht. Blesséiert gouf bei dem Virfall keen, d’Police huet Ermëttlungen an d’Weeër geleet.
D’Police sicht elo no dem Mann, dee ronn 1 Meter 90 grouss ass an eng normal Statur huet. Hien huet Däitsch ouni Accent geschwat an hat eng schwaarz Box, eng blo a wäiss Motorradsjackett an orange Händchen un. Hien hat ausserdeem ee wäiss a groe Motorradshelm mat engem liicht getéinte Viséier derbäi.
Véier weider Virfäll, déi d’Police gemellt huet
Géint 23.15 Auer en Dënschdeg den Owend ass der Police zu Esch e Won opgefall, deem seng Luuchten net konform waren. Bei der Kontroll ass opgefall, datt de Chauffer Droge geholl hat. Bei der Bäifuererin gouf Pefferspray séchergestallt.
E Mëttwoch de Moie fréi géint 4.30 Auer huet eng alkoholiséiert Persoun op der Stater Gare randaléiert an aner Persounen ugepöbelt. De Mann huet d’Nuecht an der Ausniichterungszell verbruecht.
En Dënschdeg am spéide Moie gouf op der Héicht vun der Place de la Gare eng opfälleg Persoun kontrolléiert. Et gouf eng kleng Quantitéit Kokain an eng gewëss Zomm Boergeld séchergestallt. Bei der weiderer Iwwerpréiwung, datt de Mann expulséiert sollt ginn. D’Beamten hunn en an de Centre de rétention bruecht.
E Méindeg am fréie Moie koum et zu enger gewaltsamer Dot zu Bouneweg. Zwee Männer hunn 3 Fraen an hirer Wunneng iwwerfall a menacéiert. Am Laf vum Dag konnten zwee Verdächteger festgeholl ginn. Eng Persoun koum en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.