
Den Täter ass an der Suite geflücht, trotz enger Sichaktioun ass en net fonnt ginn.
Täter-Beschreiwung vun der Police:
Der Mann, 30 Jahre, 1,70 gross, von dünner Statur, trug eine Jeans Hose, ein weisses Oberteil und einen weissen Schal.
E Mëttwoch de Moie géint 8.20 Auer ass op engem Busarrêt um Boulevard Royal eng Fra Affer vun engem Trickdéifstall ginn. Si krut hire Portmonni aus der Posch geklaut.
Beschreiwung vun der presuméierter Täterin:
Bei der vermutlichen Trickdiebin, welche das Anrempeln als Ablenkungsmanöver inszeniert hatte, handelt es sich um eine kleine Frau zwischen 1,50-1,55m, von südländischer Herkunft. Zur Tatzeit trug sie einen braune Jacke und einen beigefarbenen Schal.
E Méindeg gouf géint 18.45 Auer ee jonke Mann zu Dikrech um Foussgängerwee bei der Esplanade, dee bei d’Parkhaus féiert, vun engem Auto ugefuer. De Foussgänger gouf liicht blesséiert, mee den Autoschauffer huet sech duerch d’Bascht gemaach. Zeie si gebiede, sech bei der Police zu Dikrech ënnert der Nummer (+352)244 80 1000 oder iwwert de Mail police.diekirchvianden@police.etat.lu ze mellen.
Op der A4 an op der A13 huet et de Mëttwoch de Moie geknuppt. Bei deenen zwee Accidenter goufen dräi Leit blesséiert. Ëm 8.20 Auer koum et zum éischten Accident tëscht zwee Autoen, dat op der A4 a Richtung Lëtzebuerg tëscht Leideleng-Norden an dem Zéissenger Kräiz. Hei gouf et ee blesséierten.
Ëm 9.20 Auer ass et op der A13 a Richtung Péiteng tëscht Keel a Schëffleng zu enger zweeter Kollisioun komm. Heibäi goufen zwee Leit blesséiert.