
Et kritt ee manner gutt Loft, se ass onangeneem an zemools déi, déi e Brëll hunn, si mam Mask geplot. Wou d’Decisioun getraff gouf, déi allgemeng Maskeflicht opzehiewen, hu vill Leit sech gefreet. Sou munch een deet d’Mask dann och just nach un, wann et wierklech noutwenneg ass, wéi zum Beispill, wann en an d’Klinik muss oder op der Aarbecht, wann ee selwer am Gesondheetssecteur schafft.
Ma ëmmer rëm gesäit een am Supermarché, am Bus an Zuch oder am ëffentleche Beräich Leit, déi aus fräie Stécker e Mask un hunn. An de soziale Reseaue fënnt een dozou Kommentaren, dass dës Leit sech selwer schueden. Doduerch, dass ee sech mam Mask viru Viren a Bakterie schützt, soll den Immunsystem nämlech drënner leiden. “Déi Leit, déi dobaussen ëmmer e Mask unhunn, wäerten an Zukunft nach méi krank ginn, well den Immunsystem geschwächt gëtt”, esou eng vun den Aussoen.
De Kierper gëtt permanent mat Bakterien a Vire konfrontéiert an dat vu Klengem un. D’Expositioun ass do an dat mat wéi och ouni Mask, sou Dr Anne Vergison vun der Gesondheetsinspektioun. De Mask miniméiert de Risk, sech iwwert d’Tröpfcheninfektioun unzestiechen, verhënnert awer net, dass de Kierper mat Viren a Bakterien a Kontakt kënnt.
Besonnesch wann ee méi al gëtt oder krank ass, gëtt den Immunsystem méi schwaach. Hei kann et souguer sënnvoll sinn, sech mat engem Mask ze schützen, fir eng Infektioun ze verhënneren, erkläert Dr Anne Vergison. “De Mask bleift eng individuell Protektioun.” De Mask unzedoen huet fir de Kierper keng Nodeeler, sou d‘Doktesch. “An den Immunsystem gëtt net onbedéngt besser, wat ee sech méi exposéiert, zemools wann de Kierper scho geschwächt ass.”
Et muss een awer bedenken, dass déi einfach a Masken aus Stoff éischter déi aner protegéieren, wéi ee selwer. Dat läit drun, dass déi einfach Masken net selwecht filtere wéi FFP2-Masken.
Leit, déi haut nach an der Ëffentlechkeet e Mask undinn, gi gäre mol verurteelt. Komesch Blécker oder et distanzéiert ee sech, well duerch de Mask den Androck entsteet, d’Persoun wier krank. D’Dr Anne Vergison fënnt, et soll ee Leit net verurteelen, déi sech einfach selwer schütze wëllen.