
Dir hat e Méindeg de Mëtteg d'Wuert. An der Mëttesstonn hutt Dir diskutéiert, wéi vill Vertrauen Dir nach an déi politesch Instanzen hutt. An do goung et queesch duerch de Gaart. Et muss ee riicht stoen, fir dat wat ee mécht, war et eng Ausso. Wann ee Buergermeeschter seng eege Gesetzer net géif kennen, wie sollt se da soss kennen? Nach méi schlëmm wier et, wann et ee Minister wier, dee seng Dossieren net géif kennen, war d'Meenung vun aneren. D'Relatioun zu de Steiergelder vun de Bierger wier verluer gaangen, huet een aneren Nolauschterer gemengt. Politiker géifen anere Politiker d'Hand dohinner halen. Ee géif deem aneren hëllefen, fir sech ofzesécheren, esou ee weidere Reproche.
Auditte géife realiséiert ginn, mä Konsequenze géife keng dorausser gezu ginn, wat op Onversteesdemech fält. D'Vertraue an d'Politiker ass vu verschiddenen dann och gestéiert, wéinst den Duebelmandater. Mandater, déi assimiléiert ginn, géifen dozou féieren, datt sech Politiker net op hir Dossiere konzentréieren. Do géif d'Glafwierdegkeet drënner leiden.
Filmfong, Contournement Bascharage, Bommeleeër-Prozess, Autorisatiounen, ... Dat waren nëmmen e puer Beispiller, déi eis Auditeure genannt hunn, wou hiert Vertrauen an d'Instanze gelidden hunn.
D'Emissioun "Dir hutt d'Wuert" zum Thema "Vertrauen an d'politesch Instanzen" - war live dëse Méindeg tëscht 12 an 13 Auer mam Roy Grotz.