Conférence diplomatiqueAsselborn: "D’Aarbecht an eisen Ambassaden ass méi schwéier ginn"

Carine Lemmer
Jeannot Ries
Dës Woch war déi diplomatesch Konferenz zu Lëtzebuerg. De ganze Lëtzebuerger "Corps diplomatique" kënnt do zesummen, fir d’Aussepolitik ze koordinéieren.
Conférence diplomatique
“D’Aarbecht an eisen Ambassaden ass méi schwéier ginn”

163 Diplomaten huet de Grand-Duché, 99 Männer a 64 Fraen. An 51 diplomatesch Vertriedungen am Ausland: 32 Ambassaden, 13 permanent Representatiounen a 6 Konsulater. Weider Ambassaden a Südkorea a Costa Rica an eng Vertriedung am Benin si geplangt. Eng Ambassade ass dacks zoustänneg fir méi Länner oder déi belsch oder hollännesch Ambassaden hëllefen de Lëtzebuerger an der Welt.

Mam Krich an der Ukrain a villen anere Krisen ass d’Aarbecht an den Ambassadë méi schwiereg ginn, seet den Ausseminister Jean Asselborn. Dat natierlech zu Moskau, mä och zum Beispill zu Prag, déi d’Ukrain couvréiert. Lëtzebuerg hat ni eng Ambassade an der Ukrain.

Ganz vill Demandë fir international Protektioun

Europa konzentréiert sech net nëmmen op sech, dofir si Reesen och ganz wichteg, erkläert de Lëtzebuerger Ausseminister. An deenen hëllefen, déi Hëllef brauchen. Iwwer 4.000 Ukrainer sinn aktuell nach hei am Land. Bal 2.300 Mënschen aus anere Länner hunn zejoert och eng Demande gemaach fir Protektioun. Et wier een op engem ganz héijen Niveau wéi 2015/2016. Lëtzebuerg ass ënnert den dräi éischten EU-Länner, déi sollicitéiert ginn, wann een d’Demanden pro Awunner kuckt.

Lëtzebuerg ass awer och gefrot als Immigratiounsland. Iwwer 9.000 Titres de séjour goufen zejoert ausgestallt, 40 Prozent méi wéi d’Joer virdrun. Déi Leit géifen op Lëtzebuerg schaffe kommen a géifen och gebraucht ginn.

“D’EU-Erweiderung ass eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir déi nächst 10 Joer”

D’Erausfuerderunge si grouss, och déi vun der EU-Erweiderung fir d’Europäesch Unioun, gëtt de Jean Asselborn ze bedenken.

Et ass fir mech eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir déi nächst 10 Joer”, seet de Lëtzebuerger Ausseminister. D’Ukrain a Moldawien hunn de Kandidate-Statut. A wann een all d’Länner an der Schlaang fir an d’EU géif kucken, da kéim een op 35 Länner, keng 27 méi. Zu sou vill géifen déi aktuell Traitéen net méi funktionéieren. Eng Debatt misst lo séier ufänken.

“Wa Schengen eng Kéier futti ass, kréie mer et net méi opgebaut”

Ee vun de gréissten Acquisen wär de Schengen-Raum. “Fir Schengen gi mer op der ganzer Welt beneit. A 25 Länner kann een areese mat engem Visa. Wa mer dat a Fro stellen, well mer innepolitesch mengen, mir missten eis als Regierung asetze fir d’Sécherheet vum Land, dann ass dat falsch. Archifalsch. Wa Schengen eng Kéier läit, futti ass, da kréie mer et net méi opgebaut”, huet de Lëtzebuerger Diplomatiechef nach ënnerstrach.

“Lëtzebuerger am Ausland"- den Auslandsopenthalt registréieren, fir am Noutfall besser gehollef ze kréien

Wann een als Lëtzebuerger iwwregens verreest an e Land, wou ee kéint Problemer kréien, kann ee säin Openthalt registréieren, fir am Noutfall besser gehollef ze kréien. Dat kann een iwwert d’Internetsäit vum Ausseministère “Lëtzebuerger am Ausland – LamA” maachen.

Conférence diplomatique / Reportage Carine Lemmer

LINK: De Communiqué vum Ausseministère

Back to Top
CIM LOGO