
D'Stad Lëtzebuerg bleift un der Spëtzt. Schonn dat zweet Joer hannereneen ass d'Haaptstad am Kader vun der Etüd "Mapping the World's Prices" vun der Deutsche Bank als Stad mat der beschter Liewensqualitéit klasséiert ginn. Op déi zweet Plaz kënnt Kopenhagen, virun Amsterdam a Wien.
Fir de Ranking gi verschidde Kategorië gekuckt, dorënner d'Sécherheet, d'Qualitéit vun der medezinescher Versuergung mee awer och Krittären ewéi wéi vill Zäit um Wee fir op d'Aarbecht verluer geet.
Grond dofir ass ënner anerem wirtschaftlech begrënnt. Trotz héije Liewenskäschte verdéngen d'Leit zu Lëtzebuerg duerchschnëttlech 4.542 Euro netto de Mount, wat dem
sechsthéchsten Nettogehalt weltwäit entsprécht. Dobäi kënnt, datt d'Leit beim ëffentlechen Transport spueren, deen zanter Mäerz 2020 fir jidderee gratis ass.
Allerdéngs huet d'Liewen an der Haaptstad säi Präis. Virun allem fir Leit, déi ouni Eegentum op Lëtzebuerg plënneren, kann d'Sich no engem Logement eng grouss Erausfuerderung sinn. D'Loyeren an der Stad Lëtzebuerg sinn déi héchsten an Europa.
Och vill privat Servicer si besonnesch deier. Wie mam Taxi fuere wëll, muss bereet sinn, déif an d'Täsch ze gräifen. Nëmmen zu Zürech a Genf bezilt ee méi fir sech 5 Kilometer chaufféieren ze loossen.
E gewaltege Sprong am Verglach zum leschte Joer huet München gemaach. Déi bayresch Landeshaaptstad huet sech ëm aacht Plaze verbessert an deelt sech lo mat Wien déi 4. Plaz. Besonnesch gutt schneit d'Stad beim Sécherheetsindex of, wou si op der 5. Plaz ass. Och d'medezinesch Versuergung gëtt héich bewäert a kënnt op déi 9. Plaz.
Nieft München si Frankfurt (Plaz 6) a Berlin (Plaz 28) an den Topp 50 am Gesamtranking.
Aner Groussstied ewéi London (47) oder Los Angeles (49) schneiden am Ranking méi schwaach of. Dat ass virun allem op laang Pendelzäiten, eng staark Loftverschmotzung an extrem Logementsproblemer zeréckzeféieren.
Lëtzebuerg huet och an dëse Kategorië gutt ofgeschnidden: an der Kategorie Pendelzäit kennt d'Stad op déi 7. Plaz an a Punkto Loftverschmotzung op déi 4..
Wärend vill europäesch Stied ëmmer méi deier ginn, kënnt et an der japanescher Haaptstad Tokio zum Géigendeel. Dat hänkt virun allem mam schwaache japanesche Yen zesummen. Zanter 2012 huet d'japanesch Wärung géigeniwwer dem US-Dollar ronn 51 Prozent u Wäert verluer.
Vue datt Präisser a Japan am selwechten Zäitraum duerchschnëttlech ëm knapp 20 Prozent geklomme sinn, ass d'Stad fir Auslänner ëmmer méi attraktiv ginn. Fir vill Leit aus Nordamerika oder Europa gëllt Tokio mëttlerweil esouguer als eng Aart Schnäppchen.
De Loyer fir eng Drei-Zëmmer-Wunneng an Tokio ass am Duerchschnëtt ronn dräi Véierel méi bëlleg wéi zu New York. Och e Besuch an de Restaurant als Koppel ass zu Tokio mëttlerweil méi bëlleg wei zu Warschau oder Prag.