Preventioun amplaz RepressiounAssociatioun "eran, eraus... an elo?" wëll Prisongssituatioun veränneren

RTL Lëtzebuerg
Fir „eran, eraus... an elo?“ wär d'Situatioun an de Prisongen hei am Land mat där a Frankräich ze vergläichen.

Obwuel de Justizministère zanter 7 Joer a grénger Hand ass, huet sech un der Prisongssituatioun am Land näischt geännert: Dee Constat ass vun der Associatioun „eran, eraus... an elo?“, dee Leit regruppéiert, déi sech fir d'Justiz an de Strofvollzuch zu Lëtzebuerg interesséieren.

Mat 113,6 Prisonéier pro 100.000 Awunner hätt de Grand-Duché, am Verglach mat eisen Nopeschlänner, déi héchst Zuel u Leit am Prisong. Frankräich kéim op 103,5, d'Belsch op 98 an Däitschland op 77,5 Prisonéier pro 100.000 Awunner. An d'Zukunft kuckt d'Associatioun och net mat Optimissem.

Situatioun am Prisong verbesseren / Reportage Eric Ewald

An hiren A kéint d'Lag nämlech nach méi schlëmm ginn, wann de Prisong zu Suessem bis op ass. Hei am Land géif nach ëmmer an der Haaptsaach op Repressioun gesat ginn, wougéint aner Länner op aner Weeër géife goen, fir d'Kriminalitéit op laang Siicht ze beaflossen.

eran, eraus... an elo?“ illustréiert säi Schreiwes un eng 50 Leit an Associatioune mat enger Comic-Geschicht mam Titel „La clé est ailleurs“, déi d'Problemer vu Prisonéier a Frankräich virun Ae féiert.

Woubäi d'Suergen zu Lëtzebuerg quasi déi Selwecht wären. An där BD geet et ëm e jonke Mann, dee wéinst Drogen an de Prisong kënnt. 38 Prozent vun de Prisonéier am Hexagon, déi zanter manner wéi 6 Méint sëtzen, wären an deem Fall, spréch ofhängeg. D'Majoritéit vu Prisonéier wäre jonk Männer aus sozial benodeelegte Milieuen. Virzejoert wären d'Prisongen a Frankräich an der Moyenne zu 140 Prozent beluecht gewiescht, dat heescht iwwerbevölkert, soudass ëmmer Neier géife gebaut ginn. Dat bréngt mat sech, dass déi ëmmer méi géife gefëllt ginn, amplaz d'Problemer unzegoen.

De Prisong géif och déi sozial Facteuren, déi d'Kriminalitéit favoriséieren, méi schlëmm maachen, an 59 Prozent vun de Leit, déi aus dem Prisong erauskommen, géife bannent 5 Joer nees verurteelt ginn. A Finnland, Schweden an Holland géif een dogéint méi op Preventioun setze wéi op Repressioun. Déi skandinavesch Länner géifen de Prisong als en deiert Mëttel ugesinn, fir Délinquanten nach méi kriminell ze maachen. A Frankräich géif en Dag am Prisong 105 € kaschten. Fir en Dag mat engem elektronesche Bracelet géifen iwwerdeems nëmmen 10 Euro ufalen.

Back to Top
CIM LOGO