Een Dag virun de WalenAssociatiounen aus dem Behënnerteberäich hu virun der Chamber manifestéiert

Monique Kater
Ënnert dem Slogan "Keng weider Behënnerung" hu 5 Associatiounen aus dem Behënnerteberäich fir e politescht Ëmsetze vun hire Fuerderungen manifestéiert.
Virun der Chamber hunn d'Behënnerten-Associatiounen op sech opmierksam gemaach
Een Dag virun de Walen hunn d’Associatiounen d’Politik drun erënnert, datt och d’Mënsche mat Handicap wäerte wiele goen an och respektéiert solle ginn.

Direkt e puer Associatiounen aus dem Behënnerteberäich – TRISOMIE 21, NËMME MAT EIS!, Wäertvollt Liewen, Wonschstär an ZEFI sinn een Dag virun den Nationalwalen op d’Strooss gaangen an hunn d’Politik drun erënnert, dass och d’Mënsche mat engem Handicap wäerte wiele goen an dass och hir Grondrechter solle respektéiert a garantéiert ginn.

D’Fuerderungen un d’Adress vun de politesch Responsabelen a Kandidate gounge vun: d’Méiglechkeet, säi Liewe selwer kënnen ze bestëmmen, iwwer Inclusioun an der Schoul, bis bei eng retroaktiv Ofsécherung vum Pensiounsrecht. Et géife vill Lacunnen a sämtleche Beräicher, déi direkt no de Walen missten an Ugrëff geholl ginn.

A sämtleche Beräicher géifen et Lacunnen, ënnert anerem well d’Politik d’Gesetzestexter ouni d’Matwierken an d’Matabanne vun de Mënsche mat Behënnerung géing schreiwen. Dobäi wiere si, déi Concernéiert, d’Experten an der Matière.

“Zesumme si mer staark!”

D’Manifestatioun gouf vun de fënnef Associatioune gedroen, goung awer aus vun der Decisioun vun der Jacqueline Schockmel, op hir Situatioun opmierksam ze maachen. Déi 56 Joer al Fra, déi 40 Joer geschafft huet, ass ënnert anerem nach ënnert de Regime vum RMG gefall, iert d’Gesetz vun 2003 de Statut vum Salarié handicapé agefouert huet. Dowéinst feelen hir Cotisatiounsjoren.

D’Associatioune wëlle sech net mat Verspriechen zefridde ginn

De Fall vun der Jacqueline Schockmel géing nëmmen eng vun de Lacunnen am System weisen. D’Politik misst déi ganz verschidden Uleies eescht huelen an esou séier wéi méiglech net just mat engem Daachverband schwätzen, mee all d’Associatiounen un een Dësch huelen, sou d’Fuerderung e Samschdeg. Mat Versprieche wéilt ee sech net zefridde ginn.

Back to Top
CIM LOGO