800 Wunnenge geplangtAus dem Agrocenter Miersch gëtt d'Rives de l'Alzette

RTL Lëtzebuerg
Haut erënnert näischt méi un déi grouss Siloen, Halen a Gebaier vum Agrocenter Miersch. Alles gouf an de leschten 2,5 Joer ofgerappt.
Aus dem Agrocenter Miersch gëtt d'Rives de l'Alzette
Haut erënnert näischt méi un déi grouss Siloen, Halen a Gebaier vum Agrocenter Miersch. Alles gouf an de leschten 2,5 Joer ofgerappt.

Aus dem Agrocenter Miersch gëtt d'Rives de l'Alzette. D'Gebaier um Site goufen iwwert déi lescht Joren ofgerappt an ugangs 2022 sollen d'Erschléissungsaarbechten ufänken. Alles an allem sinn eng 800 Wunnenge geplangt an tëscht 1.500 an 2.000 Leit solle spéider emol hei wunnen.

Tëscht der Gare, dem Lycée Ermesinde an der Uelzecht soll e ganz neie Mierscher Quartier entstoen. E Mix aus Eefamilljenhaiser, Appartementsgebaier a Geschäfter.

2024 soll déi éischt Bauphas fäerdeg sinn an déi éischten Awunner kënnen eraplënneren. Déi 4. an leschte Phas wäert 2032 fäerdeg gestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO