Neie LogoAus der Jugendkonferenz gëtt de Jugendrot

RTL Lëtzebuerg
D'Daachorganisatioun vun de Jugendmouvementer am Land, déi zanter 60 Joer als CGJL besteet, huet e Rebranding matgemaach.

Fir d'Generalversammlung am September gëtt sech mat engem neie Numm an engem neie Look presentéiert. Wéi et heescht gëtt de Jugendrot vu Jonke fir Jonker geréiert a gedroen. Et gëtt Politik am Sënn vun de Jonken gemaach, ouni Parteipolitik ze maachen.

Alles an allem zielt de Jugendrot 30 Memberorganisatiounen aus ville verschiddene Beräicher vun der Jugendaarbecht wéi de Parteien, Gewerkschaften, Guiden a Scouten, Studenten-Cerclen, Jugendclibb oder Fräizäit-Organisatiounen.

Ënnert anerem encadréieren d'Leit vum Jugendrot och d'Aarbechte vum Jugendparlament an der CNEL, der Nationaler Schüler-Konferenz.

Aktuell Presidentin vum Jugendrot ass d'Chrystelle Brassinne.

PDF: Schreiwes vum Jugendrot

Back to Top
CIM LOGO