
Wat als Vakanz mat der Famill a Mexiko ugefaangen huet, huet schlussendlech zu der Trennung tëscht engem Lëtzebuerger Papp a sengen zwee Kanner gefouert, eppes dat elo schonn iwwer zwee Joer hier ass. D’Autoritéiten zu Lëtzebuerg enquêtéieren an dësem Fall elo mëttlerweil am Kader vun enger presuméiert internationaler Entféierung vu Kanner duerch en Elterendeel, nämlech der Mamm.
De Papp, deen zënter 1997 zu Lëtzebuerg lieft, ass Proprietär vun engem bekannte Café an der Stad a schafft zënter 25 Joer an der Gastronomie. Hien huet an Dänemark eng mexikanesch Fra bestuet, d’Koppel huet sech schlussendlech 2013 zu Lëtzebuerg néiergelooss. 2014 an 2017 koumen déi zwee Kanner dunn op d’Welt an hunn zu Lëtzebuerg eng International Schoul besicht.
Am Joer 2022 ass d’Famill dunn a Mexiko gereest, dat op Wonsch vun der Mamm, fir Zäit an hirem Heemechtsland ze verbréngen. Geplangt war eng länger Vakanz mat der Famill. Kuerz virun der geplangter Heemrees huet d’Mamm dunn d’Scheedung gefrot.
De Papp seet, hie wier vun der Nouvelle vun der Scheedung schockéiert gewiescht an hätt virgeschloen, eng Therapie fir Koppelen ze maachen, fir d’Bestietnis ze retten. Ma dat hätt seng Fra awer refuséiert.
Mat Hëllef vu Privatdetektiven huet de Papp dunn erausfonnt, dass seng Fra wärend der Vakanz anscheinend eng Affär mat engem Mann aus Argentinien gehat hätt, wat senger Meenung no dozou bäigedroe kéint hunn, dass de Mariage zerbrach ass. Sengen Affekoten no wier an dëser Zäit de Plang entstanen, d’Kanner illegal a Mexiko ze halen.
Laut dem Papp, hat d’Koppel zesumme festgehalen, op Lëtzebuerg zeréckzefléien, fir do d’Scheedung anzereechen an zesummen iwwert d’Suergerecht vun de Kanner ze schwätzen. Ma d’Situatioun hätt sech schlagaarteg geännert, wéi seng Fra enges Dag hir Vakanzewunneng verlooss huet. De Grond wier gewiescht, dass si eng Sinusite hätt a bei den Dokter misst.
De Papp behaapt, dass d’Mamm an dëser Zäit bei de mexikaneschen Autoritéiten awer eng Plainte agereecht huet, an där si hien der haislecher Gewalt an dem Mëssbrauch un hir selwer an de Kanner beschëllegt – Virwërf, déi dem Papp no zäitgläich exakt am Zäitraum vun der geplangter Heemrees op Lëtzebuerg gefall sinn.
No de Beschëllegungen huet dunn déi mexikanesch Police agegraff, de Papp aus der Wunneng erausgeholl, an huet him verbueden, Kontakt mat senger Fra oder senger Kanner opzehuelen an hie gewarnt, dass all Versuch, d’Kanner ze gesinn, zu senger Festnam féiere kéint.
De Papp dogéint seet, d’Virwërf wiere “komplett aus dem Näischt” komm. Hie betount, hie wier ëmmer e Papp gewiescht, dee sech mat vill Léift ëm seng Famill gekëmmert hätt an hätt weder seng Fra, nach seng Kanner jeemools mësshandelt.
Nodeems de Papp aus dem Haus vun der Famill a Mexiko erausgeholl gouf, wier hien, esou d’Aussoe vun him, vun der Police aus der Géigend harceléiert ginn, ausgeléist duerch e presuméierte “falschen Noutruff” vu senger Fra. Seng Affekote soen, hie wier zu onrecht festgeholl, um Policebüro mësshandelt, vu Beamte beklaut an an eng Zell agespaart ginn.
D’Situatioun wier sou wäit eskaléiert, dass seng mexikanesch Affekote eng bundesstaatlech Protektioun fir seng Sécherheet ugefrot hunn, well se de Virfall kloer als Versuch gesinn hunn, fir de Papp anzeschüchteren, wärend hie probéiert huet, seng Kanner ze fannen an nees Kontakt zu hinnen hierzestellen.
Wärend de Papp ugefaangen huet, géint d’Reproche vu senger Fra mam Support vu sengem mexikaneschen Team un Affekoten virzegoen, ass d’Mamm dunn am Dezember 2023 mat de Kanner verschwonnen.
Eng landeswäit Vermësstemeldung fir d’Kanner gouf bei der mexikanescher Police-Unitéit fir vermësste Kanner agereecht a Privat-Detektive goufen domadder beoptraagt, erauszefannen, wou sech seng Kanner ophalen.
De Papp behaapt och, dass d’Päss vun de Kanner matgeholl a verstoppt goufen, wat de Retour op Lëtzebuerg zousätzlech méi komplizéiert gemaach hätt.
Mat Hëllef vu privaten Ermëttler konnt de Papp d’Kanner schliisslech am Norde vu Mexiko opspieren, dat am Bundesstaat Coahuila, wou se anscheinend am Ëmfeld vun der Famill vun der Fra géife verstoppt gehale ginn. Hien ass dunn dohinner gereest an huet der regionaler Police déi offiziell Vermësstemeldung gewisen, fir déi néideg Ënnerstëtzung ze kréien.
Dem Papp no huet d’Police doropshin d’Famill vun der Mamm kontaktéiert a se gebieden, d’Mamm ze informéieren, dass si d’Kanner op de Policebüro brénge soll. Kuerz drop huet sech dunn hiren Affekot bei der Police gemellt a sech effektiv bereet erkläert, d’Kanner ze bréngen – ënnert der Konditioun, dass de Papp ouni säin Affekot komme misst.
An der Hoffnung, seng Jongen endlech ze gesinn, huet hien der Offer zougestëmmt. Wéi en awer dunn ukomm ass, gouf hien an engem separate Raum festgehalen an der Police gouf matgedeelt, dass hie seng Kanner net dierft gesinn.
Dobausse goufen d’Kanner vu Familljememberen an e Minibus gefouert, d’Käpp, änlech wéi bei enger Verhaftung, goufen no ënner gedréckt, fir dass se hien net konnte gesinn, iert d’Gefier du mat senge Kanner fortgefuer ass. De Papp beschreift dëst Erliefnis als zudéifst traumatesch.
Kuerz drop sinn d’Kanner dunn nees komplett verschwonnen, et war nees net méi gewosst, wou se sech ophale géifen.
D’Mamm streit verschidden Elementer vun der Versioun vum Papp of an huet RTL Today eng schrëftlech Äntwert virgeluecht, an där si hir Versioun vun den Eventer duerstellt.
An enger schrëftlecher Äntwert un RTL Today huet d’Mamm d’Duerstellung vum Papp vun den Eventer ronderëm déi Zäit, wou d’Famill a Mexiko war, a Fro gestallt. Si sot, si hätt schonn eng Scheedung gefrot, éier d’Rees iwwerhaapt ugefaangen hat an datt d’Famill ursprénglech virhat, op Mexiko ze plënneren. Si verweist dofir op dat, wat si als Plënner-Preparatioune beschreift, dorënner d’Locatioun vun engem Haus an de Kaf vun engem Auto.
Si huet och d’Duerstellung vum Police-Asaz géint de Papp zeréckgewisen a gesot, d’Beamten hätten hien opgefuerdert, d’Haus ze verloossen, nodeems si eng Plainte gemaach hat. Béid Parteien hätten Dokumenter kritt, an deenen hie beléiert gouf, keen Kontakt mat hir oder de Kanner opzehuelen, soulaang d’Ermëttlunge lafen.
D’Mamm betount en plus, si hätt a Mexiko d’Scheedung längst ëmgesat kritt a géif d’Duerstellung vun der Situatioun als Entféierung bestreiden, well si vu engem Riichter a Mexiko provisoresch d’Recht op d’Kanner zougestane krut.