3. Dag am Prozess ëm PolicegewaltJiddereen huet seng eege Vue op d’Affär

Diana Hoffmann
Déi véier ugeklote Polizisten hunn am Prozess ëm Policegewalt a Vertuschung um drëtten Dag vum Prozess um Stater Geriicht ausgesot.
© Laurent Weber

De virsëtzende Riichter huet wärend dem Prozess direkt e puer mol ugemierkt, dass hien der Meenung ass, dass de jonke Polizist, deen e Mëttwoch ausgesot huet, d’Wourecht gesot huet. Nämlech dass den Haaptugekloten de Mann an der Zell mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen huet, well hie gemengt hätt, nach eng Rechnung mat dësem opstoen ze hunn. Zwee Méint virun der Dot soll de Beamte wärend enger Interventioun vum Mann menacéiert gi sinn. Dono hat de Polizist an enger Mail mat enger Foto vum spéideren Affer u verschidden Aarbechtskolleege geschriwwen, dass de Krich erkläert wier.

"Ech hat keng Rechnung opstoen", huet den Ugekloten sech awer och en Donneschdeg ëmmer nees verdeedegt. Trotzdeem hat hie keng wierklech Erklärung, wisou hien deen Owend bei de Mann an d'Zell gaangen ass. Hie bleift bei der Versioun, d'Affer just eemol mam Handballen an d'Gesiicht geschloen ze hunn. "Ech hunn einfach op en Ugrëff reagéiert, et war net mäin Zil een ze verletzen", seet de Beamten.

Ee vun den ugeklote Kolleegen, deen dobäi war, confirméiert dës Versioun. Den Haaptugeklote wier an d’Zell gaangen, wou hie vum spéideren Affer mat de Wieder "Enfin t’es là" empfaange gi wier. Et wier zu engem Wuertgefecht komm. Op eemol wier de Mann an der Zell op de Polizist duergaangen. Wou säi Kolleeg dësem dräi Schléi mat der flaacher Hand an d'Gesiicht, an ee weideren an d'Rëpper ginn hätt, wier de Mann gefall. Fir d'éischt op d'Bänk, dunn op de Buedem. Dono hat hien e geschwollent Aen an d'Nues gebrach. D'Siichtzell war voller Blutt. "Wou ech gesinn hunn, dass Blutt do war, sinn ech direkt erausgaangen. Ech ka kee Blutt gesinn", ënnersträicht den Ugekloten.

Anescht hat awer de jonke Polizist, deen e Mëttwoch als Zeien ausgesot hat, d'Geschicht erlieft. Hie war virun d'Dier vum Büro geschéckt ginn an hat do matkritt, dass den Haaptugeklote wuel zum Affer, gesot huet: "Allez, danz mat mir, wier dech, soss mécht dat kee Spaass". Dono hätt et geknuppt an d'Affer hätt gejéimert. Eng Versioun, där de virsëtzende Riichter wesentlech méi Glawen ze schenke schéngt. "Mir si gewinnt, dass Prevenuen d'Saachen esou dréinen, wéi se hinne gefalen. Mer sinn awer net gewinnt, dass e Polizist dat mécht", sou säi Constat.

Wärend der Dot war dann och nach eng weider Persoun an deem klenge Büro mat der Siichtzell dobäi. "Dir hutt bis elo nach net vill erzielt an ech hunn d'Gefill, dat impressionéiert Iech net immens", huet de Riichter gemengt. De Mann vun haut 32 Joer well näischt vun deem Ganze matkritt hunn.  Hien hätt just do gesiess an um Handy gespillt. Ugangs hat hie fälschlecherweis ausgesot, hie wier um Computer gewiescht an hätt dowéinst näischt gesinn.

Vill jonk Beamten, déi wéinst Personalmanktem iwwerfuerdert waren

Als Lescht huet nach den deemools Déngscht-eelste Polizist ausgesot, deen zu där Zäit 35 Joer al war an 11 Joer op der Gare geschafft huet. Hien hat dem jonke Polizist gesot wéi hien de Procès verbal vun der Arrestatioun deen Dag sollt schreiwen, nodeems dësen um Verbesserungsbüro net duerchgaange war. Den Ugeklote sot, en hätt sech séier en Zenario a sengem Kapp gemaach, wat passéiert wier, wou de jonke Mann mam Rapport bei hie komm ass. E wier der Meenung gewiescht, dass et zu enger Rebellioun kéint komm sinn -also dass de Mann an der Zell sech géint eppes gewiert huet.

"Wann et esou gewiescht wier, wier et fir mech net derwäert gewiescht, nodréiglech eppes ze schreiwen. Leider Gottes hu mer dacks eppes geschriwwe wéinst Amtsbeleidegung, Drohungen a Rebelliounen, wou net vill, respektiv näischt nokomm ass", huet den Ugekloten ënnerstrach. Hien hätt sech net kënne virstellen, dass et esou wier, wéi dee jonke Polizist, deen de Procès verbal huet misse schreiwen, gesot huet. "Et war ni meng Absicht, eppes ze vertuschen. Ech wollt just, dass et gekläert ass", schlussfollgert hien.

Och war um drëtte Prozessdag nees rieds vun de schwéiere Conditiounen, ënnert deenen d'Beamten hu musse schaffen, an dass si sech politesch net genuch ënnerstëtzt gefillt hunn. "Mer haten deen Ament 18 bluttjonk Beamten z'encadréieren, déi hate keng Anung vun näischt", erzielt den deemools Déngscht-eelsten. Wann den Haaptugekloten op der Schicht dobäi war, wier hie frou gewiescht, dass et géing lafen. Dëse war mat aacht Joer Déngscht an 33 Joer deen Eelsten op där Schicht deen Owend. Et hätt een op deem Büro Saachen erlieft, déi en Normalstierflechen sech net kéint virstellen. Och deen Dag "et war einfach erëm Sodom und Gomorra", seet hien.

"Ech verstinn dat, d’Gare fierft of. De Beruff dee mer maache fierft of. Mee wann et esouwäit komm ass wéi hei, da muss een eppes anescht maachen", huet de Riichter festgestallt. Hien huet d'Polizisten dann och gefrot, wéi si sech hir Zukunft virstellen. All wëlle se am léifsten zréck bei d'Police. Just ee vun hinne kann sech net méi virstellen, nees op den Terrain ze goen. Dem Haaptugeklote war et dann och nach wichteg ze soen, dass hien dat net an der Rei géing fannen, wat dem jonke Kolleeg, deen de Procès verbal huet musse schreiwen, un de Kapp géing geheit ginn. Dësen hat en Donneschdeg jo ausgesot, haut nach wéinst der Affär vun anere Beamte beleidegt ze ginn.

Och bei dëser Sëtzung koumen nees eng ganz Partie Onschlëssegkeeten op d'Tapéit. Kloer ass, dass deen een oder aneren Ugekloten an/oder Zeien net d'Wourecht gesot huet. Mam Saz: "Ech hunn es elo genuch", huet de Riichter d'Sëtzung opgehuewen.

Back to Top
CIM LOGO