De Carl XVI. Gustaf sëtzt zanter 1973 um schweedeschen Troun an huet domadder déi längste Regentschaft am skandinavesche Land virzeweisen. 1947 war säi Papp bei engem Fligeraccident ëm d'Liewe komm, de Carl Gustaf hat deen Ament nëmmen 9 Méint. Dräi Joer méi spéit gouf säi Grousspapp Gustaf VI. Adolf Kinnek an hie selwer mat just véier Joer Krounprënz. Wéi säi Bop 1973 gestuerwe war, war et um Carl Gustaf fir déi schweedesch Kroun ze droen. Hie war do grad emol 27 Joer al an zu deem Ament de jéngste Kinnek op der Welt.
1976 huet de Carl XVI. Gustaf déi Däitsch Silvia Sommerlath bestuet, déi hien 1972 bei den Olympesche Summerspiller zu München kennegeléiert hat. D'Hochzäit war a Schweden mat Begeeschterung gefeiert ginn. Den 13. Juni wäert d'Koppel hir Gëllen Hochzäit mat enger Kutsch duerch d'Haaptstad Stockholm gefouert ginn. Si hunn dräi Kanner - d'Krounprinzessin Victoria, de Prënz Carl Philip, d'Prinzessin Madeleine - an entretemps och 9 Enkelkanner.
Bei de Feierlechkeete vun en Donneschdeg ware Kinnekshaiser aus aller Welt vertrueden, dorënner aus Norwegen, Dänemark, Spunien, Holland, Thailand, ma och aus Lëtzebuerg mam Grand-Duc Guillaume, der Grande-Duchesse Stéphanie an dem fréiere Grand-Duc Henri.
Engem Sondage vun 2024 no sinn zwee Drëttel vun de Schweeden dofir, datt d'Monarchie am Land weidergefouert gëtt. 42% sinn awer och dofir, datt de Carl XVI. Gustaf zugonschte vum Victoria ofdankt. Hie selwer huet Medie géigeniwwer awer scho gesot, hie wéilt weidermaachen, soulaang hien nach "d'Kraaft dozou hätt".