EnergieAus wéi enge Länner a Produktioune staamt de Stroum zu Lëtzebuerg?

RTL Lëtzebuerg
An Zäite vu politescher Tensioun a Krichgefor ass et vun Interessi, vu wou Lëtzebuerg säi Stroum hierkritt, deen a Stéit a Betriber genotzt gëtt.

Eise Stroum gëtt zu 70% aus Däitschland importéiert, iwwerdeems 23% vum Stroum aus Frankräich kënnt, mä dësen zum gréissten Deel an den industrielle Reseau vun der SOTEL agespeist gëtt, deen d’Schmelze vun ArcelorMittal alimentéiert.

Aus wéi enger Produktioun kënnt de Stroum hier?

Duerfir gëtt de globalen europäesche Stroummaart consideréiert, sou datt 40% aus net-erneierbare fossille Sourcë kënnt wéi Gas oder Kuel, 35% vum Stroum kënnt aus erneierbare Quelle wéi Wand-, Waasser- oder Sonnenenergie an e Véierel vun der europäescher Stroumproduktioun geschitt an Atomzentralen.

Fir de Stroum-Mix hei am Land deelt den ILR mat, datt nëmme 7% aus Atomstroum besteet, 27% aus fossillen Energie-Sourcen a mat 65% dee gréissten Deel vum Lëtzebuerger Stroum aus erneierbare Quelle kënnt.

Well den ILR op Basis vum nationale Stroummix den Impakt op d’Ëmwelt an CO2-Emissiounen ausrechent, muss heifir och bezuelt ginn. Méi genee fir d’CO2-Zertifikater, déi europawäit gehandelt ginn a wou et zu enger reegelrechter Präisexplosioun koum, sou datt deen den Ament net méi bei 20, mä bei 90 Euro fir eng Tonn CO2 läit. Dëst ass och de Grond, firwat zejoert a wuel och dëst Joer de Stroumpräis fir d’Stéit am Land massiv geklommen ass (zejoert e Plus vun 10%).

All dës Prezisiounen iwwert de Stroummaart an -import liwwert den Energieminister Claude Turmes op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup.

PDF: Äntwert vum Claude Turmes op parl. Fro vum Fred Keup

Back to Top
CIM LOGO