
E Sonndeg de Moie gouf d’Police géint 9 Auer op eng Ausernanersetzung am Zentrum vun Déifferdeng an der Géigend vun engem Bistro geruff, bei där eng Persoun mat engem Messer blesséiert gouf. Éischten Informatiounen no ware véier Leit un engem Sträit bedeelegt, deen eskaléiert war. Dobäi gouf d’Affer geschloen a vun enger Persoun mat engem Messer blesséiert.
Déi dräi Ugräifer sinn dono fortgelaf. Eng Sich no hinne blouf ouni Succès. D’Affer, wat méi Schnëttverletzungen hat, koum an d’Spidol. D’Ermëttlunge lafe weider.
D’Persoun mam Messer beschreift d’Police als e Mann mat donkeler Hautfaarf, deen zum Zäitpunkt vun der Dot eng orange Jackett unhat. All d’Informatiounen zu der Persoun oder dem Tëschefall si fir d’Police vun Déifferdeng um 244531000 oder per E-Mail opPolice.DIFFERDANGE@police.etat.lu.
Och an engem zweete Fall sicht d’Police no Zeien, dëst d’Kéier ass et d’Kommissariat vu Dikrech-Veianen. Et geet ëm en Accident vum leschte Sonndeg géint 21.15 Auer. Do waren op der N7 virun der Houschter-Déckt zwee Ween frontal anenee gerannt. Fir de genauen Virgang vum Accident ze klären, solle sech déi Leit, déi den Accident gesinn hunn, bei der Police um 244 80 1000 oder per E-Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu mellen. Haaptsächlech gëtt e Chauffer vun engem donkele Suzuki Jimny gesicht, dee méiglecherweis eppes gesinn huet.