CGDISAuto a Brand am Tunnel Grouft, weidert Feier op der Aire de Berchem

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, koum et zu 2 Bränn.
© RTL Archivbild

E Samschdeg den Owend hat kuerz virun 20 Auer de Motor vun engem Gefier op engem Chantier op der A3 tëschent dem Aire de Berchem an der Stad gebrannt. Et blouf beim Materialschued.

Géint 3 Auer an der Nuecht huet am Tunnel Grouft op der A7 a Richtung Stad en Auto gebrannt. Kengem ass hei eppes geschitt. Wéi d’Police präziséiert, konnt de Chauffer säi Gefier nach mat Zäite verloossen a sech an enger Noutbucht a Sécherheet bréngen. D’Policepatrull, déi spéider op der Plaz ukomm ass, huet de Mann gebuergen an konnt hien aus dem Tunnel a Sécherheet bréngen, wou hie vun de Rettungsdéngschter ënnersicht gouf.

Wéinst der staarker Dampentwécklung huet den Tunnel a béid Richtunge misse gespaart ginn. Eng Deviatioun gouf ageleet. Nodeems d’Feier ënner Kontroll war a keng Gefor méi bestanen huet, konnt den Trafic zäitweis nees passéieren. D’Rettungs- an Opraumaarbechten hu bis 5 Auer gedauert.

Back to Top
CIM LOGO