TraficAuto a Brand op der A3 huet nawell fir Stau gesuergt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 16.15 Auer huet op der Diddelenger Autobunn a Richtung Frankräich en Auto gebrannt, dat op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz.
© ITLF

Et blouf beim Materialschued. Zäitweis huet d’A3 musse komplett gespaart ginn, war awer kuerz drop nees op enger Spuer fir den Trafic op.

Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng.

Op der Autobunn A6 tëschent de Sortië Capellen an Briddel sinn en Donneschdeg de Moie géint 11 Auer zwéin Autoe kollidéiert. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO