CGDIS deelt matAuto a Brand um Sennengerbierg a Kollisioun um Houwald

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt e Samschdeg de Mëtteg ee Blesséierten, wéi zwee Autoen net laanschtenee koumen. An um Sennengerbierg stoung en Auto a Flamen.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Kuerz viru 14 Auer hat en Auto an der Route de Trèves um Sennengerbierg Feier gefaangen. Heibäi koum keng Persoun zu schued. Am Asaz waren d’Pompjeeë vun Nidderaanwen.

Ee Blesséierte gouf da géint 16.24 Auer bei enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. D’Ambulancieren aus der Stad an d’Pompjeeë vun Diddeleng waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO