Kautebaach-WolzAuto ass eng 35 Meter déif e Rampli erofgaangen, bis bei d'Schinnen

RTL Lëtzebuerg
D'CFL hate Perturbatiounen op der Linn tëscht Wolz a Kautebaach gemellt, wéinst engem Virfall bei de Schinnen op der Héicht vum Arrêt Paradiso.
Zuchstreck gespaart / Auto de Rampli erofgaangen
Ronn 35 Meter ass en Auto en Hiwwel erofgaangen, fir um Enn direkt nieft de Schinnen un d'Halen ze kommen.

En Auto war vun der Strooss ofkomm, duerch d'Leitplank gaangen an dunn de Rampli erofgaangen. E war eng 35 Meter déif vun der N25 bis erof bei d'Schinne gerutscht an do hefteg opgeschloen, ouni awer op d'Schinnen ze falen.

Wéi d'Police matdeelt, hätt sech d'Fuererin net wuel gefillt an hätt doduerch d'Kontroll iwwert de Won verluer. D'Automobilisten an hiert klengt Kand goufe just liicht blesséiert, koumen awer fir eng Kontroll an d'Spidol.

Wéi am CGDIS-Bulletin steet, goufen 2 Persoune blesséiert. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Wolz a Géisdref, grad ewéi d'Ambulanze vu Wolz an Housen.

Bis den Auto gebuerge war, goufen tëscht Wolz a Kautebaach Busser agesat, fir d'Zich z'ersetzen.

Back to Top
CIM LOGO