Präiteler-BréckAuto erwëscht Mauer an iwwerschléit sech

RTL Lëtzebuerg
Bei deem Accident um Freideg géint 9 Auer gouf eng Persoun blesséiert.
© CIS-Larochette

E Freideg de Moien ass um CR 121 vu Präiteler-Bréck an de Blummendall een Auto op d'Kopp gaangen, dobäi gouf eng Persoun verwonnt.

Den Accident war kuerz virun der Präiteler Bréck. En Automobilist hat eng mauer geroden a sech doropshin iwwerschloen.

D'Ambulanz aus der Fiels, d'Pompjeeë vu Konsdref an d'Police vun Iechternach waren op der Plaz.

© CIS-Larochette

Weideren Accident

Um Freideg de Moie géint 7 Auer krute sech op der N12 vun Heesdref op Féitsch zwee Autoen ze paken, dobäi goufen zwou Persoune blesséiert.

Am Asaz waren d'Ambulanze vun Ëlwen a Wolz an den Asazzenter vu Wëntger.

Back to Top
CIM LOGO