
Éischten Informatiounen no gouf de Chauffer beim Accident blesséiert a koum mat der Ambulanz an d’Spidol.
Wéi d’Police géint 10.30 Auer mellt, ass d’Accident antëscht geraumt. Op der Plaz waren d’Rettungsekippen aus der Stad a vu Beetebuerg.
Zwou Stonne virdru war um CR226 tëscht Siren a Conter eng Persoun bei engem Accident blesséiert ginn. Hei waren de Samu-Noutdokter, grad ewéi d’Ambulancieren aus der Stad an d’Pompjeeë vu Weiler zum Tuer, Mutfert an Hesper am Asaz.
Géint 6.40 Auer koum et zu Esch um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Motorrad. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Rettungsdéngschter vun Esch waren op der Plaz am Asaz.