
De Chauffer gouf schwéierblesséiert a koum an d’Spidol.
Da koum et e Mëttwoch de Moien zu Kielen zu engem Accident mat 2 Autoen an engem Camion am Coup. Hei goufen 3 Leit verwonnt.

Um CR159 tëscht Béiweng a Fenteng ass eng Persoun mat hirem Gefier géint e Bam gerannt. 1 Blesséierte mellt de CGDIS hei.
Da gouf et jeeweils ee Blesséierte bei Accidenter op der A6 a Richtung Arel an op der A3 a Richtung Stad. A béide Fäll sinn zwee Autoen net laanschtenee komm.
Um 17.23 Auer ass eng Persoun bei engem Accident um CR103 tëscht Dippech an Holzem verwonnt ginn.
Zu Iechternach goufe géint 19.17 Auer e puer Leit vun engem Auto ugestouss. De Bilan sinn hei dräi Blesséierter.
En Dënschdeg den Owend goufen et zu Biissen an zu Colmar-Bierg tëscht 20.30 an 23.30 Auer zwou Alkoholkontrollen. 180 Automobilisten hu misste blosen. An zwee Fäll war d’Resultat positiv, e Permis misst awer net agezu ginn.