
Wéi d’Police confirméiert, koum e Freideg de Moie géint 8.20 Auer en Auto op der Streck tëscht Heischent an Eschduerf vun der Spuer of a krut dobäi e Bam ze paken. Wéi de Won e puer Meter méi spéit un d’Stoe koum, konnt de Bäifuerer aus eegener Kraaft aus dem Auto klammen. De Chauffer gouf ageklemmt a schwéier blesséiert. No enger Éischtversuergung op der Plaz koum den Automobilist an d’Spidol.
RTL-Informatiounen no war e Rettungshelikopter op der Plaz, nieft de Rettungsdéngschter vu Wolz, der Nordstad an Alebesch.