
Konkreet handelt et sech ëm den "High Protein Pudding Chocolate Flavour" vu Milbona, deen tëschent dem 31. Juli an dem 19. August am Lidl verkaf gouf. Grond wier eng méiglech Presenz vun der Bakterie "Bacillus cereus", déi jee no deem Erbriechen oder Duerchfall ausléise kéint.
Méi Infoen zum Réckruff a Produit fannt Dir um Site vun LU-Alert.