CGDISAuto géint Bam zu Hiefenech

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie géint 2.35 Auer ass zu Hiefenech (Millen-Wee) en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.
© CGDIS

Am Asaz waren d’Pompjeeë vun Hiefenech an d’Ambulanz aus der Fiels.

Kuerz no 5 Auer huet zu Esch an der Rue de Belval en elektresche Vëlo gebrannt. Et blouf hei beim Materialschued.

Zu Hollerech si géint 8.20 Auer en der Escher Strooss e Scooter an en Auto kollidéiert. Eng Persoun gouf heibäi verwonnt.

Kuerz no 8.30 Auer huet et um Belair gerabbelt, wéi eng Persoun op enger Trottinette an en Auto anenee gerannt sinn. Och hei gouf et 1 Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO