CGDISAuto géint Wëllschwäin - 1 Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no Hallefnuecht krut op der A13, tëscht Helleng a Fréiseng, een Automobilist ee Wëllschwäin ze paken. Dat melltden 112.
© AFP-Archiv

Wéi et heescht, gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vun Diddeleng a Fréiseng.

Zu Péiteng an der Lëtzebuerger Strooss hat et en Donneschdeg den Owend géint 22.30 Auer an engem Keller gebrannt. Hei ass kengem eppes geschitt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Péiteng a Käerjeng.

E Freideg de Moie géint 8 Auer huet et zu Fréiseng an de rue Robert Schuman gerabbelt. Et gouf awer kee blesséiert.

Géint 8.40 Auer gouf et eng Kollisioun tëscht 2 Autoen an der Côte d'Eich an der Stad. 2 Persoune goufen heibäi blesséiert. Deen Accident hat och Repercussiounen op de Beruffstrafic.

Géint 9.45 Auer gouf et am Rond-Point Irgäertchen en Accident tëscht 2 Gefierer. Heibäi gouf 1 Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO