Schraasseg - NeihaischenAuto iwwerschléit sech - eng Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Freideg kuerz viru 15 Auer huet et tëscht Schraasseg an Neihaischen gerabbelt. En Auto ass hei op der Kopp gelant.
© Domingos Oliveira

Éischten Indicen no huet de Chauffer vum Auto an enger liichter Rietskéier d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer, krut en Hiwwel ze paken an huet sech doropshin iwwerschloen.

Wéi de CGDIS bestätegt, gouf eng Persoun verwonnt.

D’Strooss huet musse fir d’Opraumaarbechte gespaart ginn.

Zu Dippech si géint 16.45 Auer zwee Autoen anenee gerannt. Heibäi goufen zwou Persoune blesséiert.

Quasi ëm déi selwecht Zäit ass zu Noumer e Feier an enger Garage ausgebrach. Hei blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO