KäerjengAuto iwwerschléit sech no Accident, keng Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Weider mellt d'Police dann nach verschidde Verstéiss an der Nuecht, wou d'Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt hunn.
© Police

Géint 7.15 Auer um Samschdeg de Moien koum et zu Käerjeng an der Rue de la Reconnaissance Nationale zu engem Accident. Eng Automobilistin ass aus nach net gekläerte Grënn an e Gefier gerannt, datt op der Säit vun der Strooss stoung. Duerch den Opprall huet sech dunn d'Gefier vun der Fra iwwerschloen. Béid Autoe goufe schwéier beschiedegt an hunn d'Strooss blockéiert. D'Fra koum fir eng Kontroll an d'Spidol, éischten Indicen no schéngt si sech awer net blesséiert ze hunn.

© Police

An der Nuecht op e Samschdeg waren erëm eng Rei Automobilisten ënnerwee, déi ze vill gedronk haten. Kuerz virun eng Auer huet en Taxichauffer der Police e Mann gemellt, deen hie grad op der Gare zu Luerenzweiler ofgesat hat. Obschonns dësen offensichtlech ze vill gedronk hat, ass hien nach a säin Auto geklommen an Heem gefuer. Do huet d'Police de Mann dunn och getraff. Säi Führerschäin huet hie missen ofginn.

Géint 1.40 Auer ass der Police zu Esch en Auto opgefall, dee Schlaangelinne gefuer ass. Ier den Automobilist op d'Autobunn konnt fueren, hunn d'Beamten hie gestoppt. Den Alkoholtest war positiv an et gouf eng Plainte gemaach.

Da kuerz virun 8 Auer ass de Beamten an de Stad beim Parking Bouillon en Automobilist opgefall, dee sech virun hinne verstoppe wollt. Nodeems de Chauffer d'Police nämlech gesinn hat, ass hien erëm zeréck op de Parking gefuer an huet de Motor ausgemaach. Wéi d'Beamten ëmgedréint hunn, huet den Automobilist erëm probéiert aus dem Parking erauszefueren. Wéi en de Police-Auto awer gesinn huet, ass en am Réckgang zeréck an d'Afaart vum Parking gefuer. De Mann gouf kontrolléiert an den Alkoholtest war positiv. Säi Führerschäin ass hien bis op Weideres emol lass.

Da mellt d'Police nach eng Fahrerflucht vum Freideg den Owend 21.30 Auer. Beim Nohannefueren ass en Automobilist an der Rue Boltgen zu Esch an d'Dier vun engem aneren Auto gerannt. De Mann ass awer doropshin direkt fortgefuer. En Zeien, deen d'Zeen gesinn huet, huet d'Police alarméiert. De Mann konnt verschidden Donnéeë weiderginn, esou datt d'Beamten de schëllege Chauffer doheem ugetraff hunn. Beim Auto konnt d'Beschiedegung festgestallt ginn, de Besëtzer awer vum Auto, deen ënner Alkoholafloss stoung, huet ofgestridden, gefuer ze sinn. No weideren Amtshandlunge gouf de Permis vum Mann awer agezunn.

Back to Top
CIM LOGO