
Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vum Samu-Noutdokter vun Ettelbréck versuergt. Donieft waren d’Ambulanciere vu Lëntgen an d’Pompjeeë vu Miersch an Noumer op der Plaz.
En Donneschdeg de Moie koumen op der A3 tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz e Motocyclist an en Auto net laanschteneen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vu Beetebuerg an dem Réiserbann.
Géint 13.40 Auer gouf et dann e weideren Accident op der A3. Dat an Direktioun Stad. Hei hate sech tëscht Beetebuerg a Léiweng 3 Autoen ze pake kritt. D’Ambulanz vun Esch an d’Secouriste vu Beetebuerg a vum Réiserbann waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.