Am LokalenAuto op der Kopp tëscht Hierber a Pafebierg, Feier zu Aasselbuer
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Sonndeg den Owend zu 2 Virfäll. Tëscht Hierber a Pafebierg hat et gerabbelt an zu Aasselbuer hat et gebrannt.
E Sonndeg den Owend kuerz no 19.30 Auer gouf eng Persoun blesséiert, wéi sech e Gefier um CR370 bei Hierber iwwerschloen hat.
E Feier gouf et géint 22.15 Auer an der Haaptstrooss zu Aasselbuer. Do stoungen eng Camionnette an en Auto aus bis ewell nach onbekannte Grënn a Flamen. D’Pompjeeë vu Wëntger, Klierf, d’Ambulanz vun Ëlwen an d’Police waren op der Plaz. Kengem ass eppes geschitt, ma de Materialschued ass grouss. Ermëttlunge gi lancéiert.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.