
D’Ambulanz vu Beetebuerg an de Samu aus der Stad waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Scho méi fréi e Freideg de Moien waren op zwou anere Plazen Autoen op d’Kopp gaangen. Dat war géint 5.05 Auer um CR132 tëscht Krautem an dem Schlammestee de Fall an um 5.54 Auer um CR322 tëscht Kautebaach a Konstem.
An och scho géint 18.30 Auer en Donneschdeg den Owend war en Auto um CR160 zu Diddeleng op d’Kopp gaangen.