CGDISAuto op der Kopp tëscht Recken a Brouch

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie kuerz no 5 Auer ass op der N8 tëscht Recken a Brouch en Auto op der Kopp gelant. Den Ettelbrécker Samu huet mussen an den Asaz.

Donieft waren nach d’Pompjeeë vu Miersch a Béiwen/Atert op der Plaz, grad ewéi d’Ambulanz vu Lëntgen. Eng Persoun gouf blesséiert.

Géint 7.45 Auer sinn zu Schëffleng an der Liberatiounsstrooss en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. D’Pompjeeë vu Keel a Schëffleng ware geruff ginn, grad ewéi d’Ambulanz vun Esch.

Back to Top
CIM LOGO