
De Chauffer hat an enger liichter Kéier d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, deen dunn op d’Kopp gaangen ass. Hie gouf liicht verwonnt.
Wéi de CGDIS mellt, koum et do virdrun nach zu engem weideren Accident, dat tëscht Menster a Rued-Sir. Kuerz no 14 Auer krute sech um CR187 zwee Autoen ze paken. Och hei gouf et ee Blesséierten.